Och dëst Joer mécht den RL vu Samschdes 8. Juli 14 Auer lokal Zäit bis Sonndes 9. Juli 14 Auer beim IARU HF Championship mat der LX Headquarter-Statioun LX8HQ mat. Dëst Joer wäert des Statioun vun Eschduerf aus QRV sinn. Memberen déi wëllen de Club op deene verschiddene Bänner vertriede solle sech w.e.g. beim Mich LX1KQ (Email: ) melle fir ze kucke wéini se kéinten op enger vun de Statioune funken. Et ass och kee Problem fir nëmme während enger kuerzer Period (1 oder 2 Stonnen) mat ze maachen. Och Leit déi nach ni ee Contest mat gemaach hu sinn häerzlech wëllkomm.