Monatsversammlung vum RL

 Lëtzebuergesch Wéi op der Assemblée generale ugekënnegt wäert d'Monatsversammlung vum RL déi jo normalerweis all éischte Mëttwoch am Mount zu Peppeng ass am Mount Mee net kennen do stattfannen. Dofir ass ausnamsweis dann d'Versammlung vum 3. Mee am "Restaurant De Spackelter" zu Leideleng - déi genau Adress ass 2 rue de Luxembourg - am Sall um éischte Stack. D'Versammlung déi des Woch den 5. Abrëll stattfënnt ass awer nach normal zu Peppeng.

Français Comme annoncé lors de l'assemblée générale, la réunion mensuelle de mai ne pourra pas avoir lieu à Peppange. L'adresse pour le 3 mai sera donc "Restaurant De Spackelter" à Leudelange (2 rue de Luxembourg). La réunion du 5 avril aura lieu à l'adresse normale à Peppange.

Lizenzen vum ILR

Lëtzebuergesch Den ILR hat jo ee gewëssene Retard annoncéiert fir déi erneiert Lizenzen ze verschécken fir déi ze ersetzen déi Enn 2016 ausgelaf sinn. Mëtt Mäerz misste lo awer all d’Lizenze bei de betraffenen LX-Amateuren ukomm sinn. Falls een nach keng Lizenz-Käertche geschéckt krut, soll e sech direkt beim ILR oder beim Comité vum RL mellen, fir ze kucken wat do schief gelaf ass.

YOTA Month - LX4YOTA 2016

Lëtzebuergesch Am Kader vum Youngsters On The Air Working Group vun der IARU Region 1 ass vum 1. bis den 31. Dezember 2016, genau wéi d’läscht Joer, rëm de YOTA Mount. An deem Mount sollen international, speziell Jugend-Statioune QRV ginn, fir d’Äiss e bëssen ze briechen, dass jonk Leit rëm méi de Mikro an de Grapp huelen. Lëtzebuerg wäert viraussiichtlech rëm mam Ruffzeechen LX4YOTA matmaachen.

Jonk Memberen si wëllkomm fir dat Ruffzeeche während engem oder e puer Deeg ze aktivéieren. Falls dir jonk Leit kennt déi nach keng Lizenz hunn an déi sech awer fir den Hobby intresséieren, ass dëst och d’Geleeënheet fir dass si et mol zesumme mat engem vun eise Youth-Koordinatoren eng Kéier kennen ausprobéieren. 

Falls der intresséiert sidd kennt der iech beim Youth-Working Group am beschte per Mail op mellen.

Méi Informatioune fennt een op der offizieller YOTA Websäit.

English In order to promote amateur radio amongst young people, the Youngsters On The Air Working Group IARU Region 1 inititated the YOTA Month from December 1st to December 31st, 2016. Luxembourg will likely participate with the callsign LX4YOTA, which youngsters can activate during a few days.

If you are interested to participate, please don't hesitate to contact our Youth-Working Group per email via .

You'll find more details on the official YOTA Site.

60 Meter Band

Lëtzebuergesch Zanter dem 10. Oktober 2016, ass et zu Lëtzebuerg och erlabt dat neit 60m Band am Service Amateur ze benotzen. De Frequenz-Plang vum 3. Oktober deen den 10. Oktober am Mémorial publizéiert ginn ass, erlabt et, fir et vun 5351.5 bis 5366.5 kHz à titre secondaire mat enger "Puissance apparente rayonée" vu 15W ze benotzen.

English Since October 10th, 2016, the new 60m band is allowed to be used in Luxembourg for amateur radio use. The frequency plan of 3rd October, published in the Mémorial on 10th October, allows the use from 5351.5 to 5366.5 kHz on a secondary basis with an "Effective radiated Power" of 15W.

Faszination Amateurfunk

Deutsch In der 32. Télécran Ausgabe vom August 2016 war ein flotter Artikel über Amateurfunker in Luxemburg zu lesen.

Jean Berg aus Eschdorf und Philippe Lutty aus Sandweiler sind zwei Männer, die unterschiedlicher nicht sein könnten. Jean ist älteren Jahrgangs und Bauer von Beruf, Philippe feierte kürzlich seinen 35. Geburtstag und arbeitet bei der Wasserverwaltung in Diekirch. Beide haben unterschiedliche Leben und doch verbindet sie ein gemeinsames Hobby: der Amateurfunk.
Télécran hat die beiden passionierten Funker getroffen.