RL Grillfest

  • RL Grillfest 2014

    Lëtzebuergesch Den 29.05.2014 hat den RL op séin grousst Grillfest invitéiert.

    Em déi 30 Leit haten den Wee op Eesebur fonnt fir zesummen ze grillen.

    D’ Wieder hat matgespillt, sou dass et en groussen Erfolleg wor, wat motivéiert fir dat Grillfest d’ nächst Joer ze widderhuelen. Wei een op den Fotoen gesäit wor fir jiddereen eppes derbäi, egal op grouss oder kleng.

    Nom iessen hunn sech vill Leit an den Schack zréck gezunn wou den LX1IQ eng D-Star Demonstratioun gemaach huet.
    Hien huet den vollen Funktiounsëmfang vum LX0DRJ erkläert.
    En ganzen Koup OM ‘en haten och hiert eegent D-Star Gerät derbäi an hunn äifreg Froen gestallt.

    Weider Fotoen vun dësem Event fannt dir hei:
    http://www.rlx.lu/qrz/media/photos/lx1om/album?albumid=80

  • RL Grillfest 2015

    RL Grillfest 2015

    Lëtzebuergesch Och dest Joer hat den RL nees op séin grousst Grillfest invitéiert.

    Tëschent  30 an 40 Leit haten den Wee op Eesebur fonnt fir zesummen ze grillen. Also eng Hand voll méi wéi d' lescht Joer.

    D’ Wieder hat och matgespillt, sou dass et en groussen Erfolleg wor.

    Dass souvill Leit do woren beweist, dass et den Leit d' lescht Joer gefall huet an motivéiert fir dat Grillfest d’ nächst Joer ze widderhuelen.

    Wéi een op den Fotoen gesäit wor fir jiddereen eppes derbäi, egal op grouss oder kleng.

    Nom Iessen hunn sech vill Leit an den Schack zréck gezunn wou den LX1IQ eng D-Star Demonstratioun gemaach huet. En ganzen Koup OM’en haten och hiert eegent D-Star Gerät derbäi an hunn äifreg Froen gestallt. Si woren begeeschtert dass den RL elo schonn 3 D-Star Relaisen huet an waarden gespaant op den 4 Relais um Ronnebësch.

    Weider Fotoen vun dësem Event fannt dir hei: Album 1 - Album 2

  • RL Grillfest 2016

    RL Grillfest 2016

    Lëtzebuergesch D'RL Grillfest vum 5. Mee 2016 wor nees ee vollen Erfolleg. Wéi een op de Fotoen erkennt wor nët nëmmen d'Wieder mee och d'Stëmmung exzellent. De positiven Feedback motivéiert fir dat Fest och erëm 2017 ze widderhuelen.

    Français Comme on peut le constater sur les photos, le barbecue du RL a été un grand succès non seulement à cause du temps splendide mais surtout grâce à l'ambiance superbe qui régnait. 

    Deutsch Wie man auf den Fotos erkennen kann war das RL Grillfest 2016 wieder ein voller Erfolg und zwar nicht nur wegen des wunderbaren Wetters, sondern vor allem wegen der tollen Stimmung unserer Mitglieder. 

    Album LX1HD    -    Album LX1OM    -    Album LX1RFJ

  • RL Grillfest 2017

    Lëtzebuergesch Wéi schonn ugekennegtass dat traditionellt Grillfest fir d'RL Memberen den 25. Mee um Bridel am Scouts-Home "Däreldéieren". Eng Kaart wou et genau ass, a weider Detailler, fannt dir am Flyeroder am Bulletin 1/17.

    Français Commé annoncé le BBQ traditionel pour les membres du RL sera cette année-ci le 25 mai au Bridel dans le chalet scout "Däreldéieren". Une carte de la localisation et plus de détails se trouvent dans le Flyerou le Bulletin 1/17.

    Deutsch Wie schon angekündigt wird das traditionelle Grillfest für die RL Mitglieder dieses Jahr am 25. Mai im Scout-Home "Däreldéieren" in Bridel stattfinden. Eine Karte und weitere Details kann man im Flyeroder im Bulletin 1/17 finden.


    English  As alredy announced the traditional BBQ for the RL members will be organised this year on May 25th in the Scout Home "Däreldéieren" at Bridel. A map of the location and further details can be found on the Flyeroder in the Bulletin 1/17.

     

  • RL Grillfest de 5. Mee 2016

    Wéi déi lescht Joeren ass och des Kéier rëm op Christi Himmelfahrt d’Grillfest vum RL zu Eesebuer, mat verschiddenen techneschen Demonstratiounen.

    Dat ganzt wäert um 11 Auer lass goen a fir Iessen an Drénke wäert gesuergt sinn.

    Mellt iech w.e.g. bis spéitstens den 1. Mee per Mail beim Secrétaire un (), dass mir ongeféier wësse fir wéivill Leit mer Gegrills besuerge mussen.