Den ARDF Working Group informéiert, dass och dëst Joer rëm eng national Fuussejuegd organiséiert gëtt. Den Datum steet scho fest, et ass Sonndes den 20. August. Dëst ass e bësse méi spéit wéi d’lescht Joer, mee och wéi d’lescht Joer sollt se rëm no de HAM RADIO zu Friedrichshafen sinn, dass intresséiert Leit sech do nach eventuell kéinten ee passenden Empfänger oder Literatur besuergen. D’Messe zu Friedrichshafen ass dëst Joer jo bekanntlecherweis ee Mount méi spéit wéi di Jore virdrun. D’Fuussejuegd wäert rëm am 80 Meter Band organiséiert ginn. Weider Detailer wäerten op der Homepage publizéiert ginn, soubal ze fest stinn.
Als Preparatioun fir des Fussejuegd wäerte mer während dem ClubOwend vum Juni, also Freides den 30. Juni ab 19:30 een ARDF Workshop organiséieren, wou intresséiert Memberen souwuel eng theoretesch wéi och eng kleng praktesch Introductioun an d’Fuussejuegd kréien. Leit déi een eegenen Empfänger hu kennen dee mat bréngen fir en ze testen, fir déi aner huet den RL e puer Geräter zur Verfügung.
Iwwerweist w.e.g. är Cotisatioun fir 2017 op den CCP vum RL a vergiesst nët äre Numm a Ruffzeechen mat unzeginn.
Merci de bien vouloir effectuer le virement pour votre cotisation 2017 au CCP du RL sans oublier de mentionner votre nom et indicatif d'appel.
Bitte überweisen Sie den Mitgliedbeitrag für 2017 auf das Postscheckkonto des RL und denken Sie daran ebenfalls Namen und Rufzeichen mit anzugeben.
Please transfer your membership fee for 2017 and don't forget to mention your name and callsign.